Ech hu mech eng Zäitchen net méi hei um Blog gemellt. Dat huet sou seng Grënn, sinn ech dach an der Läscht zimlech beschäftegt. Ma et gi gutt Noriichten:
De 27. Abrëll hunn ech um 19:00 eng Liesung an der Bibliothéik vun Ettelbréck. Do wäert ech dann net nëmmen aus “Loosst den Doudege schwätzen” virliesen, mee ech ginn och en Sneak Preview op meng Science-Fiction Kuerzgeschichten.
Lo héieren ech iech froen: Science-Fiction-Kuerzgeschichten? Tatsächlech ginn ech mer am Ament vill Méi, fir e puer Kuerzgeschichten ze schreiwen. Dëst geschitt virun allem op Däitsch, och wann ech net ausschléissen, deemnächst eppes op Lëtzebuergesch an déi Richtung ze maachen.
Deen Genre läit mer scho säit laangem um Häerzen a mäin bis elo gréisste Buchprojet, wat leider ëmmer nach net fäerdeg iwwerschafft ass, befënnt sech jo an deem Genre. Mir kommen awer ëmmer erëm Iddie fir méi kleng Saachen, déi ech dann sou ze soen als Übung och schreiwen.
Dobäi sinn ech mer nach net ganz sécher, wat ech mat deenen Texter maache wäert. Do ginn et verschidde Méiglechkeeten: Se entweder als eBook separat eraus bréngen, se sammelen an e Verlag sichen, oder einfach hei Online setzen. Ma do muss ech jo net direkt eng Decisioun huelen. Wann dir eng Meenung hutt, kënnt der se mech roueg wësse loossen!