Vun der Iddi zum Buch

typewriter-726965.jpg

Et gi wierklech vill Méiglechkeeten, fir op eng Iddi fir e Buch ze kommen. Et kënnen eegen Erliefnesser sinn ; Iddien, déi ee bei anere Schrëftsteller gesinn huet an déi ee gären eng Kéier ëmformuléiere wëll ; oder och eppes, wat een an der Zeitung gelies huet. Am Fall vun “Loosst den Doudege Schwätzen” war et, wéi ech Episod 18 vun der 7. Staffel vun Big Bang Theory gekuckt hunn. Selwer sinn ech kee groussaartege Fan vun der Serie, ma et ass eppes, wat een eben owes ouni grouss nodenken ze missen, kucke kann. Awer egal, an där Folg fält de Saz “Let the dead man talk”, dee mech deen Ament iergendwéi faszinéiert huet.

Natierlech war ech do nach ganz wäit vun engem Plot ewech. Ma et war praktesch, datt ech deen Ament relativ vill vum Charles Bukowski gelies hunn, deem säin Stil an seng Themen a mengen Ae gutt an d’Lëtzebuergescht gepasst hätten. Dowéinst hunn ech mer souwisou scho vill Gedanken doriwwer gemaach, wat fir eng Aart vu Geschichten eigentlech am beschte géifen a meng Mammesprooch passen an dowéinst hunn ech mech decidéiert, eppes a Richtung vum Bukowski ze schreiwen, wann och mat enger liicht anerer Nout.

De gréissten Deel dovunner huet sech dëst Joer am Mäerz ofgespillt. Während ech nach dobäi war, déi Iddie bei menge Spadséiergäng, déi ech all Dag gemaacht hunn, nach weider auszebauen, ass mer bewosst ginn, datt am Abrëll de perfekte Moment wier, fir alles ze schreiwen. Do gouf et e Camp Nanowrimo, wou een, am Géigesaz zum normalen Nanowrimo, seng Wuertzuel, déi een erreeche wëll, selwer festleeë kann. Well ech Loscht op méi e kuerze Projet hat, hunn ech d’Zil op 25.000 Wieder gesat an den 1. Abrëll ugefaange mat schreiwen. Um Enn vum Mount war d’Zil erreecht.

D’Beaarbechtung vum Roman huet sechs Méint gedauert. Dat kléngt no vill, mee am Fong hunn ech mech missen e puer mol vum Manuskript zäitlech trennen, fir eng besser Vue drop ze kréien. No dräi Iwweraarbechtungen hunn ech d’Manuskript dunn un d’Liliana Miranda vum Lilu Verlag geschéckt. Zu menger eegener Iwwerraschung gouf et prompt ugeholl.

Ech schreiwen “zu menger eegener Iwwerraschung” aus e puer Grënn: Éischtens sinn ech dem Lëtzebuergeschen als Literatursprooch alles anescht wéi no. Während dem Schreiwen hat ech vill Problemer, fir a méi komplexe Passagen dat eriwwer ze bréngen, wat ech wollt eriwwer bréngen. Oft hunn ech mech un ze ville Wuertwidderhuelungen oder schlicht um Toun vun eppes gestouss. Zweetens hunn ech och vum fäerdege Manuskript net vill gehalen, wat allerdéngs keng Neiegkeet ass, well ech grondsätzlech alles haassen, wat ech zu Pabeier bréngen. Da kennt drëttens derbäi, datt “Loosst den Doudege schwätzen” ee fir meng Verhältnesser total ontypescht Buch ass.

Ech soen dat net vun ongeféier, mee muss dat villäicht e bëssche méi konkret ausschaffen hei: Eigentlech hunn ech mech selwer ëmmer als däitschsproochegen Horror/Science Fiction/Fantasy-Schrëftsteller gesinn. E Roman an der Traditioun vun der Beat Generation op Lëtzebuergesch ze schreiwe passt do a mengen Aen net eran. An ech weess och net, wéi sech dat alles vereene soll loossen. Villäicht ass dat jo den Challenge fir d’Zukunft?

Hinterlasse einen Kommentar

Eingeordnet unter Literatur

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s