Monatsarchiv: November 2016

Vun der Iddi zum Buch

typewriter-726965.jpg

Et gi wierklech vill Méiglechkeeten, fir op eng Iddi fir e Buch ze kommen. Et kënnen eegen Erliefnesser sinn ; Iddien, déi ee bei anere Schrëftsteller gesinn huet an déi ee gären eng Kéier ëmformuléiere wëll ; oder och eppes, wat een an der Zeitung gelies huet. Am Fall vun “Loosst den Doudege Schwätzen” war et, wéi ech Episod 18 vun der 7. Staffel vun Big Bang Theory gekuckt hunn. Selwer sinn ech kee groussaartege Fan vun der Serie, ma et ass eppes, wat een eben owes ouni grouss nodenken ze missen, kucke kann. Awer egal, an där Folg fält de Saz “Let the dead man talk”, dee mech deen Ament iergendwéi faszinéiert huet.

Natierlech war ech do nach ganz wäit vun engem Plot ewech. Ma et war praktesch, datt ech deen Ament relativ vill vum Charles Bukowski gelies hunn, deem säin Stil an seng Themen a mengen Ae gutt an d’Lëtzebuergescht gepasst hätten. Dowéinst hunn ech mer souwisou scho vill Gedanken doriwwer gemaach, wat fir eng Aart vu Geschichten eigentlech am beschte géifen a meng Mammesprooch passen an dowéinst hunn ech mech decidéiert, eppes a Richtung vum Bukowski ze schreiwen, wann och mat enger liicht anerer Nout.

De gréissten Deel dovunner huet sech dëst Joer am Mäerz ofgespillt. Während ech nach dobäi war, déi Iddie bei menge Spadséiergäng, déi ech all Dag gemaacht hunn, nach weider auszebauen, ass mer bewosst ginn, datt am Abrëll de perfekte Moment wier, fir alles ze schreiwen. Do gouf et e Camp Nanowrimo, wou een, am Géigesaz zum normalen Nanowrimo, seng Wuertzuel, déi een erreeche wëll, selwer festleeë kann. Well ech Loscht op méi e kuerze Projet hat, hunn ech d’Zil op 25.000 Wieder gesat an den 1. Abrëll ugefaange mat schreiwen. Um Enn vum Mount war d’Zil erreecht.

D’Beaarbechtung vum Roman huet sechs Méint gedauert. Dat kléngt no vill, mee am Fong hunn ech mech missen e puer mol vum Manuskript zäitlech trennen, fir eng besser Vue drop ze kréien. No dräi Iwweraarbechtungen hunn ech d’Manuskript dunn un d’Liliana Miranda vum Lilu Verlag geschéckt. Zu menger eegener Iwwerraschung gouf et prompt ugeholl.

Ech schreiwen “zu menger eegener Iwwerraschung” aus e puer Grënn: Éischtens sinn ech dem Lëtzebuergeschen als Literatursprooch alles anescht wéi no. Während dem Schreiwen hat ech vill Problemer, fir a méi komplexe Passagen dat eriwwer ze bréngen, wat ech wollt eriwwer bréngen. Oft hunn ech mech un ze ville Wuertwidderhuelungen oder schlicht um Toun vun eppes gestouss. Zweetens hunn ech och vum fäerdege Manuskript net vill gehalen, wat allerdéngs keng Neiegkeet ass, well ech grondsätzlech alles haassen, wat ech zu Pabeier bréngen. Da kennt drëttens derbäi, datt “Loosst den Doudege schwätzen” ee fir meng Verhältnesser total ontypescht Buch ass.

Ech soen dat net vun ongeféier, mee muss dat villäicht e bëssche méi konkret ausschaffen hei: Eigentlech hunn ech mech selwer ëmmer als däitschsproochegen Horror/Science Fiction/Fantasy-Schrëftsteller gesinn. E Roman an der Traditioun vun der Beat Generation op Lëtzebuergesch ze schreiwe passt do a mengen Aen net eran. An ech weess och net, wéi sech dat alles vereene soll loossen. Villäicht ass dat jo den Challenge fir d’Zukunft?

Hinterlasse einen Kommentar

Eingeordnet unter Literatur

Loosst den Doudege schwätzen

front_export

Et sinn nëmmen nach e puer Deeg, da kennt dir mäin neit Wierk an den Hänn halen. Et huet zwee Joer gedauert, bis ech erëm eppes erausbrénge konnt, oder an dësem Fall, erausbrénge loossen. Dobäi ass dëst Wierk schonn eleng dowéinst eppes ganz Besonnesches, well et mäin éischten Text ass, deen ech op Lëtzebuergesch schreiwen. Op d’Resultat sinn ech nawell houfreg, “Loosst den Doudege schwätzen” stellt a villerlee Hisiicht eppes ganz Besonnesches fir mech duer.

Et geet an der Geschicht em e gescheiterte Schrëftsteller, dee gewuer gëtt datt en net méi laang ze liewen huet an elo nach schnell probéiert, e gutt Buch ze schreiwen. Dat féiert en leider op en desastréisen, destruktive Wee, deen allerdéngs mat ville Betruechtungen a Bemierkungen zu senger Ëmwelt uräichert. D’Geschicht ass tragesch a komesch zugläich an Ënnerscheed sech zimlech staark vun deem, wat ech bis elo geschriwwen hunn.

Ech hunn dat immenst Gléck, datt d’Buch am Lilu-Verlag eraus kennt. D’Liliana Miranda, déi dësen Eng-Fra-Betrib leet, war vun Ufank un vum Manuskript begeeschtert, wat zu enger ganz konstruktiver Zesummenaarbecht gefouert déi d’Manuskript och zu senger finaler Qualitéit verhollef huet.

An engems weisen ech iech hei och schonn de Cover vum Buch. Am Hannergrond ass eng Foto ze gesinn, déi ech selwer geschoss hunn. Dorobber ass eng kleng Insel, déi zu Ettelbréck an der Uelzecht virum Däich (oder derhannert, et hänkt nawell vun der Richtung of, aus där ee kennt) ze fannen ass. Et muss ee schonn d’Buch liesen, fir d’Relevanz dovunner ze erkennen.

Ech wäert an den nächsten Deeg nach e puer Blogposts schreiwen, wou ech nach e bëssche méi wäert erzielen, wéi et zum Buch komm ass, wat mech inspiréiert huet a wéi et mat der Zukunft esou ausgesäit. Am Moment sinn ech natierlech erëm am Nanowrimo dëst Joer nees ganz aktiv, wou wéinst ech och zimlech beschäftegt sinn. Ma déi Zäit huelen ech mer awer gären.

Hinterlasse einen Kommentar

Eingeordnet unter Literatur