Falls et eng Saach sollt ginn, déi ech aus dem Referendum als eng Aart Léier konnt zéien, dann ass et, datt wann een eng Fro stellt, se och vun der richteger Persoun gestallt muss ginn. Oft genuch krut ech ze héieren, datt déi Froen, déi den 7. Juni gestallt gi sinn, net interessant oder wichteg wieren. Sou vill ech deem och widdersprieche géif, weist et awer dorobber hinn, datt dee Referendum net nëmmen an der Kommunikatioun, ma och insgesamt d’Virgoensweis eventuell net déi richteg war.
Et huet mech och net verwonnert, wéi de Sven Clement op eiser Pressekonferenz gesoot huet, datt den Biergerbegehren déi besser Léisung kéint duerstellen. Als Viretapp wär do eng Petitioun, da géif d’Biergerbegehren kommen, déi dann en Referendum kéint maachen. Op eisem Site gëtt dat eng kéier flott opgeschafft:
1. Schratt: Petitioun (4.500 Ënnerschrëften)
2. Schratt: Bürgerbegehren (16.000 Ënnerschrëften, ~3% vun der Bevëlkerung)
3. Schratt: Bindende Referendum
Dat kléngt elo villäicht e wéineg simplistesch, ma eigentlech kéint dëst Virgoe vill bréngen. De Richtungswiessel wär schonn emol kloer: D’Bierger triede mat Iddien un d’Politiker erun, presentéieren hir Iddien, déi dann an engem Referendum kéinten zur Ofstëmmung kommen. Kléngt erschreckend staark no Demokratie, ech weess. A genau dat sollte mir woen, well et sprécht vill dofir!
Ee Pluspunkt wier zum Beispill, datt Leit net méi ofstëmme géifen, em der Regierung, der Oppositioun oder der Partei X oder dem Politiker Y eent auszewëschen. Während déi Organer an Instituter sécherlech an den Diskussioune géife matmëschen, géif dat bei wäitem net esou krass ausfalen, wéi dat bei dësem Referendum de Fall gewiescht wier. Och géifen déi Diskussioune ronderëm d’politesch Konsequenzen, déi eng Regierung oder eng Partei misst zéien, wann se “hiren” Referendum géife “verléieren” ganz schnell verschwannen. De Richtungswiessel beim Referendum kéint also dozou bäidroen, datt sech eng Referendumskultur zu Lëtzebuerg ergëtt, déi méi nohalteg a virun allem méi demokratesch ass wéi dat, wat mir bis elo erlieft hunn. D’Froe géifen an den Zentrum réckelen, an net Persounen oder Parteien.
Vill vum Mëssmut am Referendum koum dohier, datt d’Leit Gefill hat, datt eng Elite hinne wollt virschreiwen, wéi si ze stemmen hunn. An d’Kampagnen, déi och dank hirer Kuerzfristegkeet bemierkenswärt staark un Schnellschëss erënneren, hunn deen Androck mat hire Jo!/Nee! Messagë verstäerkt (an do si mir bei der Piratepartei natierlech och net onschëlleg). Esou koum schnell eng „Bist du nicht für mich, bist du gegen mich“-Mentalitéit op, déi dem Diskurs an den Diskussiounen net grad förderlech waren. Duerch déi Entkoppelung vun den Froen an de Parteien kéint genau dëst verhënnert oder op mannst entschäerft ginn.
Positiv Nieweneffekter géif et och nach anerer ginn. Zum enge géif et wahrscheinlech méi Referende ginn, zum anere géif d’Petitioun als Mechanismus massiv opgewäert ginn. Well wann ech mir ukucken, wat domadder bis elo erreecht ginn ass, da muss ech soen, ass d’Enttäuschung ganz grouss: Zwar goufen et Petitiounen, déi hir Ënnerschrëften zesumme krut hunn an hire Message konnte weider ginn, ma en nennenswäerten Afloss op d’Politik hat dat bis elo keen. Ma, d’Aféiren vum Biergerbegehren géif dofir suergen, datt och d’Petitioune méi staark respektéiert ginn.
Leider ass den aktuelle politeschen Drock fir des Iddi nach relativ kleng. Dat heescht allerdéngs net, datt et sech net lount, dofir ze kämpfen an ech denken, et ass eng Diskussioun, déi mir all féiere sollte. Ech sinn op är Meenunge gespaant!