Déifbléck

Foto by John Lester (CC-BY)

Foto by John Lester (CC-BY)

Et schéngt eng Art politescht Erwaachen am Land ze ginn. Dat deiten ech virun allem dorunner, datt op ee Coup gläich dräi nei Parteien sech ze forméiere schéngen. Eng Gruppéierung, déi ech do scho méi laang am Bléck hunn, an de SDV, wat fir Sozial Demokratesch Vollekspartei steet, an déi zimlech direkt um rietse Bord unzesidelen ass. Wee well kann sech déi exzellent Analys vum Maxime Weber ukucken, déi net nëmme liesenswäert ass, ma och vill interessant Informatiounen ubitt.

A menger Zäit als Journalist beim Lëtzebuerger Journal hat ech nawell och en Leitartikel iwwert des Gruppéierung an hiren eventuellen Impakt op lëtzebuerger Polit-Welt geschriwwen, deen eventuell och vun Interesse ass. Wat ech deemools am Abrëll geschriwwen hunn, kéint ech haut och nach ëmmer ënnerschreiwen, virun allem elo, wou d’Satzung vum SDV op hirem Site online ass. Kucke mer eis déi mol an e puer Punkten un.

Direkt opfalen deet natierlech den Punkt 3: „zum Respekt des Luxemburger Bürgers sowie der Ausländer, sowie klarer Distanzierung zu jeglicher Form von Extremismus, Rassismus und Diskriminierung.” Och e puer weider Punkten, déi duerno kommen, schloen zimlech an déi selwecht Kärb an drécken sech géint eng Diskriminéierung vu Minoritéiten aus. Dat kléngt jo eigentlech ganz gutt a souguer zimlech liberal. Ma, mir behalen dëse Punkt mol am Hannerkapp beim Weiderliesen…

Bei Punk 15 leiden bei mir schonn d’Alarmklacken: “zur absoluten Verteidigung der politischen Unabhängigkeit Luxemburgs“. Do stellen ech mir konkret d’Fro, firwat dat dra steet. Grondsätzlech betruecht ass et keng schlecht Saach, sech fir d’politesch Onofhängegkeet vum eegene Land anzesetzen, ma wann ech dee Saatz do an enger Satzung vun enger liesen, froen ech mech, op déi dann elo konkret a Gefor ass? Villäicht kann ee vum SDV mech jo doriwwer opklären, ech léiere jo bekanntlech gären eppes derbäi. Niewebäi: „Absolut“ ass natierlech en typeschen Vokabel, deen weist, datt een näischt vun engem Kompromëss hält. Zimlech extrem…

Punkt 16: “zur Förderung der drei in Luxemburg bestehenden Sprachen: Luxemburgisch, Deutsch und Französisch, aber insbesondere der luxemburgischen Sprache, die von kultureller Wichtigkeit für Luxemburg und die Luxemburger Nation ist, und somit bei unseren ausländischen Mitbürgern verstärkt gefordert, gefördert und unterstützt werden sollte” Lo misst ee konkret iwwert de Sënn vum Wuert “bestehenden” diskutéieren. Ech géif do argumentéieren, datt wesentlech méi Sproochen hei “bestehen” wéi déi déi an der Verfassung genannt ginn… Oder sinn dat keng Sproochen, well se vu bausse kommen? Interessant ass, dass eis Sprooch bei den auslännesche Matbierger gefördert soll ginn, ma an hire Facebook-Kommentaren an de SDV-Gruppen en enormen Handlungsbedarf grad an deem Punkt existéiert.

Bei Punkt 17 weist de SDV seng Faarf (sicht iech e Brongtoun aus…): “zur Bekämpfung des Sozialtourismus und des nicht Respekts des Landes, der Luxemburger und der Luxemburger Gesetze und Kultur.” Während si lo net konkret soen, ween se mengen, schéngt et beim SDV folgend Thes ze ginn: Iergendeen kennt vu baussen an eist schéint Land, gëtt näischt op eis Kultur a profitéiert gäre vun eise Sozialleeschtungen. Well sech dat konkret géint Auslänner riicht, géiff ech lo mol soen, datt en Widdersproch zu Punkt 3 existéiert. En plus gëtt net konkret ausgefouert, wat eigentlech gemengt ass, wat natirlech e flotte Raum ass, fir datt riets Elementer sech do austobe kennen.

Dann kennt Punkt 18: “zur proaktiven Reglung der Einwanderer Problematik sowie ihrer Anzahl und eine Bearbeitung des Asyl-Antrage Verfahrens. (schnellere Entscheidungsfindung)“ Hei si mer dann entgülteg am bronge Beräich ukomm. Dobäi komme rem vill Froen op: Wat heescht “proaktiv” (generell an an desem spezifesche Fall?). Ass een, wann een aktiv ass, net souwisou automatesch proaktiv? Firwat ass Zuel vun den Awanderer e Problem? A firwat ginn Awanderer mat Asylanten hei an engem Punkt zesumme geholl?

Bei Punkt 19 gi mer da méi europäesch: “Gegen die Bevormundung seitens der EU, sowie der EU-Kommission bezüglich der Souveränität und Freiheit des Landes.” Et ass beneidenswäert, datt d’EU bei der éischter Kéier, wou se genannt gett als eng Friem Institutioun, déi sech géint Souveränitéit vum Land riicht (ech verweisen hei gären op Punkt 15). Fazit: Europa ass béiss.

Punk 20: “für eine eigenständige Politik Luxemburgs und der EU, gegenüber den USA und ihren hegemonialen Tendenzen, Förderung der freundschaftlichen und kommerziellen Verbindungen der EU mit China, Russland, Japan und der Mittel und südamerikanischen Staaten.” D’USA ass och béiss, an huet “hegemonial Tendenzen”, déi Russland a China natierlech net hunn…

Punkt 22: “gegen den Beitritt eines Islamstaates in die EU, solange die demokratischen Defizite dieser Staaten offenkundig feindlich gegenüber unserer abendländischen Kultur eingestellt sind.” Kloer Diskriminéierung géint eng aner Religioun (domadden Verstouss géint Satzungspunkt 3). Ofgesinn dovunner ass den Sazbau scho witzeg. Ech wosst guer net, datt d’Abendlännesch Kultur e Kampf mat den demokrateschen Defiziter vun anere Staaten géif leien (net emol den Staaten selwer, ma ganz konkret hiren Defiziter). Hach, Satzbau, du éiwege Quell vu menger Freed.

Punkt 23: “für eine stärkere Mithilfe sämtlicher EU-Staaten bei der Absicherung der EU-Grenzen, zumal im ganzen mediterranen Bereich und Aufbau einer militärischen EU-Einsatztruppe.“ Déi Gedankekopplung ass, wat bei mir fir Besuergniss suergt. „Hey, komm mir bauen en europäesch Militär op a secheren d’Mettelmir of!“ – Klengt no der US/Mexiko Grenz. Ofgesinn dovunner, sollt net all Land onofhängeg an souverän sinn (Punk 15 deklaréiert dat ass ABSOLUT)? An elo solle mer gemeinsam Grenzen ofsécheren?

Ech denken, des Punkte weisen zimlech kloer, datt vun hirem “mir sinn net extrem-riets”-Geschwätz vun de leschte Wochen net extrem vill iwwreg bleift. Sie schwätzen zwar hei duerch d’Blumm, mee den rietsextremen Dréi ass kloer ze erkennen: Souwuel d’Zuel vun de Punkten, déi engt “Gefor vu baussen” emräissen als och d’Sprooch déi benotzt gëtt, weist kloert dorobber hinn, dat sie sech am bronge Milieu ganz Wuel fillen. Onkonkretiséiert Ängscht ginn hei erobbeschworen an instrumentaliséiert. Et verwonnert ergo net, dass den Här Castiglia bei de Lëtzebuerger Patriote Reklamm mëscht: E kennt seng Clientèle.

 

DISCLAIMER: Ech sinn Member vun der Piratepartei an eemolege Journalist beim Lëtzebuerger Journal. Ech gi mer zwar méi mam Lëtzebuergeschen, mee maachen ëmmer nach vill Feeler. Sinn natierlech ëmmer oppe fir Verbesserungen. Schreiwfeeler oder schreckleche Saatzbau am Däitsche sinn onkorrigéiert iwwerholl ginn.

Hinterlasse einen Kommentar

Eingeordnet unter Politik

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s